agenda


AGENDA 2015


  • Du bas frou, wann iergendwou de Bam danzt oder de Bier brennt ??
  • Du bas net am Club a wëlls trotzdem gäeren wëssen, wou PUDENIS demnächst säin Onwiesen dreift??
  • Du bas Member a leider ze blöd, dir eis Aktivitéiten an denger Bëlz festzetackeren??
  • Du bas e mega Asi a kanns dir mol keen Organizer leeschten??
  • Du sëtz doheem, dir as langweileg an du kucks vun der Fenster aus dengem Noper no, wéi hien de Schwenkgrill uschmäisst??

Kee Problem. Hei stin eis ultimativ PUDENIS - Events fir 2015. Do feelen natierlech och nach e puer weider Datumer, well mir och heinsdo eppes maan, wat indirekt mat PUDENIS ze doen huet (wéi z.B. de Rock Werchter, de Party-Service bäi Scheedungen, en Trip op d'Düsseldorf, e Besuch an der Allianz-Arena, Klinik- an Pescatore-Besich fir aal Leit, tatkräfteg Ennerstëtzung bäi sämtleche Streiken, a.s.w..., )


Generalversammlung

Freides, den 6. Februar 2015
an der Wäinstuff vum "Caves Leuck-Thull" zu Lennéng

Dat muss eben all Joër sin !! Ganz PUDENIS leeft zesummen fir mol eng Kéier näischt ze schaffen, sech op d'Schëller ze klappen an sech ze soën: "Nee, wat ware mir nees gudd lescht Joër!" Wann mer dann all d'Puzzlestécker vun eisem Exercice N-1 zesummen hun, dann gëtt nach e bessen iwwert d'Zukunft getéint. Mee eigentlech wësse mer dach all vun Ufank un dass mir just eis gemeinsam Interessen vertrieden wëllen...


Après-Ski beim Wenzer

Sonndes, den 08. Mäerz 2015
an der Wäinstuff vum "Caves Leuck-Thull" zu Lennéng

Déi beschten Après-ski Stëmmungmat den D.J. YAHU & GREGGES Warm up by D.J. Billy. Avant-Ski ab 11:00 Auer. 12 Stonnen Non-Stop Après-ski!! Virverkaaf 5€ an Oweskees 8€. Ticket gin et an der Wäistuff Caves Leuck-Thullan bei all Member vun der Pudenis a.s.b.l. ze kaafen


Cavalcade Reimech

Sonndes, den 15. Mäerz 2015 zu Remich
Thema: A-B-C "Aerobic beim Comptoir

Hurra, wir leben noch ! Passt op äer Gebëss op ! A kee Gepöbels am Koks-Keller !


Meefeier

Freides, den 1. Mee 2015 zu Kanech
am Haarter Bësch beim Kiosk

Dëst Joër fällt den 1. Mee op den 1. Mee. Also gi mer nees an den Haardter Bësch (en Haarden am Bësch ??) ….
Mir bauen e Kranz
a gi leider net bäi de Franz
mir wackle mam Schwanz
a fëllen eis Panz


The Primeur Night

Samsdeg, den 21. November 2015
zu Kanech am “Wellëmskeller”

Nodeems mer eis den Ekel an de Beaujolais gesoff hun, an der Meenung sin, de Lëtzebuerger Wäin mist méi ënnerstëtzt a promouvéiert gin, hu mere is Bojji-Night duerch d’Primeur-Night ersaat a saufen eis elo den Ekel an de Primeur. Eis Kéisteller si legendary an d’Pickelfressen sin och ganz zefridden mat eise Fleeschteller.

Krëschtfeier 2015

Samschdeg, den 5. Dezember 2015
zu Fluessweiler am Restaurant Le Menhir

Wann dier ierch all gudd gescheckt hudd an um Après-Ski/Primeur Night kräfteg eppes fier d'Kees gemach hudd, kennt och dest Joer villaicht den Kleeschen bis laanscht

Allianz-Arena
>

Catering

Wanns du eng Ekipp brauchs, déi de Service op denger Gebuertsdagsparty, dengem Nationalfeierdag, denger Hochzäit, Scheedung oder soss iergend engem Umtrunk maache soll, dann fäert net a fro eis roueg ... mir kommen natierlech och gäer op deng Party ouni eppes schaffen ze mussen !!

Happy B

Engem PUDENIS-Member sierf et roueg erlaabt, mindestens eng Gebuertsdagsparty pro Joër ze schmäissen an de ganze Klibbchen (zumindest de Comité) z'invitéieren !