comité


COMITE DIRECTEUR - COMEDY DIRECTORY


No méintlaange Viirstellungsgespréicher, beenhaarden Trainingscamps an spektakulären Tests bäi der NASA, as dunn endlech décidéiert gin, e Gremiun mat Leit zesummenzesetzen, déi sech net nëmmen duerch hir onwiderstéihlecht Ausgesin un d'Spëtzt setzen, mee awer och duerchaus dozou fäheg sin, logesch an systematesch hir Entscheedungen zu Gonschte vum Verräin duerchzesetzen.

Hei kritt dir en Abléck an hir Funktioun, déi sie am Club erfëllen. Selbstverständlech sin d'Memberen der Hierarchie no klasséiert, dass dir gesidd, wien eppes ze soen huet a wien de Baak soll haalen: "Wenn der Kuchen redet, haben die Krümel Pause!"


President / Director / Moi je fais tout

BACK Patrick
Codename : Backdad (16 Uhr)

Hei stung eppes


Vize - President / Assistant Director

Lorentz Fred
Codename : Fred mit dem Met

Eigentlech sollt de Fred, ursprünglech e Millbëcher, just op der 2008er Cavalcade als Guest Star matgoën. Leider haate mer vergiess, hien duerno heemzeschécken, also huet hien sech un eisem Komitée festgefriess. No sengem erfolleglosen 1,5-Semester-Studium op der Uni zu Saarbrécken, huet hien säi Gléck am sanitäre Beräich probéiert, och erfolleglos. Lo féiert hien Krankheeten duerch d’Géigend a wart, bis dass de Betrieb “Weber-Heinisch-Lorentz” embenannt get.


Caissier / Financial Consult

THILL Alain
Codename : Äffchen (Roter Brüllaffe)

Den Alain as amfong dat beschte Beispill fir den Ausdrock Dr. Jeckyll and Mr. Hyde. Op deser Foto grinst en dech zwar nach villäicht ganz séiss un, mee dréi dech nëmmen net em !!! Sichs du Sträit mat him, dann sëtz du spéitsens 2 Méint drop vis-à-vis vun him am Centre de médiation. Mee hien as en immens kompetenten Kärel, opgrond sengem wäitgefächerte Wëssen schummt hien sech heinsdo wéinst sengen asozialen Kollegen. Hien as Banquier, verkleed sech Fuesend gäer als Framensch an waart net gäer op säin Iessen. Hien huet och deen oft kopéiert, mee selten erreechte PUDENIS - Gruss erfond. Den Äffchen as deen eezegen aus eiser Sippschaft, deen schon e Brilli u sengem Réngfanger stiechen huet (säin Ännchen natierlech och).


Secretaire / Creative Manager

WILGE Marc
Codename : Spitz (-beck)

Op der sich no neien Ideen


Executive Producer

BACk Daniel
Codename : Top Secret

Hei steht nach naicht


Dynamic Assistant

FRANZEN Nathalie
Codename : Natti

Eist Natti, fir vill Leit éiweg 14 Joër jonk, ass d’Héiflechkeet a Persoun. Fir all männlech Wiesen emmer en offent Ouer prett, huet hatt sech als eenzegt Framensch am Komitée duerchgeboxt, quasi eis “Erin Brocovich” fir Aarmer. Hatt reit leidenschaftlech gäer, och op Päerd, geet moies heem, huet als Eenzegt op eiser Cocktail-Party Cocktaile gemixt, an hält sech méi wéi eng Kéier iwwert der erlaabter Dezibell-Grenz op.




COMITE EXECUTIF - COMEDY EXECUTION


Well eisen onstierzbaren Comité zimlech vill denken muss an duerfir och heinsdo keng Zäit a keng Loscht huet, hir Iddien an d'Realitéit emzesetzen, hun sie sech e puer Hilfssheriffs zougeluet, déi eng Hand mat upaaken, wann sie hir eegen Hänn net wëllen knaschteg maan.

Dëse Comité-exécutif setzt sech momentan nemmen mei aus enger Persoun zesummen, déi op hirem Wee un d'Spëtzt vun der PUDENIS-Hierarchie gefall ass oder déi léiwer d'Fiedem am Hannergrond wëll zéihen, souzesoën als Consultant extérieur. Déi momentan Memberen (1) sin selbstverständlech gestane Perséinlechkeeten an eiser Sippschaft. Mee wanns du an eise Club kommen an och schnell klammen wëlls, dann schlof entweder mat engem vun eiser Carrière supérieure, oder schreif deng Kandidatur fir an de Comité-exécutif: d'Sprongbriet fir eng sëcher Zukunft. Du bas zwar am Ufank quasi en Azubi a muss sou Saachen erleedegen wéi den Äschebecher eidelmaan, Béier besuergen, eis Proletenkarren botzen, de Grill nees opriichten an de Chauffeur fir den owend spillen. Mee du wäerts no enger gewëssener Zäit schon mierken dass dat och immens vill Spaass kann maan.


Keessenäugler / Web Publishing

HOLZMANN Christian an Dias Ines
Codename : Holz an Die Elster Ines

Hei stung eppes



Sportdirex

Fir eng onofhängeg Leedung vun eiser Sportsektioun ze garantéieren, huet PUDENIS e kompetenten, engagéierten an disziplinéierten Sportdirekter engagéiert, deen eise Veräin un d'Limite vun eisen athletesche Fähegkeeten bréngen soll : de LAURENT LEY

Klick op dës Foto a maach dir e Bild vun him, wéi hien grad a senger totaler Seriositéit säin PUDENIS-Eed ofgeluet huet !

Voyage Mission

Eise Comité fiert dëst Joër op Monaco op e Seminar, fir hir Kompetenzen auszewäiten. Hei handelt et sech em Coursen am Beräich vun de Medienwëssenschaften :

  • Kommunikation mit dem Club-Mitglied
  • Kommunikation innerhalb des Vorstandes

The Wall

Probéier net un e Fiels wackelen ze goën ! Fir eng Plaz am Comité ze kréien, muss du schon ee vun eis em den Eck bréngen, well mir, sou steet et geschriwwen, eng Nominatioun op Liewenszäit hun !