fanshop


PRÊT-A-PORTER


Fashion an Style sin an der Welt vun haut e Grondsteen fir Erfolleg an der Gesellschaft. A well eis Memberen emmer wéi Lompekréimer duerch d'Gaasse laafen an sech mëttlerweil zu enger Zort Randgrupp forméiert hun, hu mer eis geduet, de Comité op eng Fashion - Week op Mailand ze schécken, sou dass sie Ideen kënne sammelen, fir de Club nei anzekleeden.

Mëttlerweil huet eis Trend - Kollektioun awer sou en onerwaarte Succès fond, dass et fir dech mol kee Wäert huet, eis Fanshops op der ganzer Welt ze besichen. Du gëss erdréckt vu Fans, déi och e Stéck PUDENIS - FEELING un hirem Kierper spieren wëllen. Hei eng Webcam vun eiser Filial a Merika:


Duerfir hu mir eis Textilien op den Internet gesaat, fir dass du dir se mol kanns ukucken, a wann der eppes gefällt, dann mëchs du ganz schnell, éiers du dir et anescht iwwerlees, e Virement op eise PUDENIS Kont, gëff den Numm, d'Unzuel an d'Gréisst vum Fanartikel un, mat deems du däin Luxuskierper bedecken wëlls, a schons fänken eis Kanner un mat bitzen !!!


Modell "Prolo"

S / M / L / XL / XXL / Backdad - 22 €

Hast du noch Sex oder spielst du schon Golf ?? Dëst Stéck Stoff, eng Mëschung aus Polo a Proletenshirt as immens praktesch fir Golf ze spillen, mee awer och fir d'Pneuen oder den Ueleg vun dengem Golf ze wiesselen. Oder vun dengem Polo. Op enger Party kriss du deng Frendin allerdéngs net gewiesselt... Immens gudd passt och nach e Goldkettchen an eng Frisöse dobäi.


Modell "Push my buttons"

S / M / L / MH (Mega-Hupen) - 12 €

Dees du desen am aphrodiséierende schwaarz gehaalenen Top fir op eng Party un, brauchs du dech net ze wonneren, wanns du 9 Méint drop mat der Kannerkutsch duerch de Park wenzels. Leider hu mer den Ausschnëtt net wäit genuch erofgezunn kritt, dat wëll heeschen dass ee schon nach e bessen mat senger Imaginatioun spille muss wann ee gäil wéi 10 Matrousen as. Mir hu zwar am léifsten wann eis weiblech Memberen topless sin, mee bon. As jo och ëmmer schéin wann een eppes ausdoën kann ... Immens praktesch as en och, well de Fummel schwaarz as, dann brauch "hatt" sech keng Gedanken iwwer lästeg Flecken ze maan, déi während dem Botzen a Kachen entstanen sin ...


Modell "Randgruppe"

S / M / L / XL / XXL / XXXL / Partyzelt - 8 €

Be Asi. Be hacke. Just be. Mat dësem Klenge Schwaarzen stees du zu denger Sozialschicht, dofir do en besser just doheem oder an engem däischtere Bistrot un, well op engem Bal stees du mat dengem "Randgruppe"-Shirt zimlech eleng bäim Comptoir. Dat kann awer och heisdo ganz interessant sin !!


Modell "Anti-Gel"

Eenheetsgréisst ! Form : Waasser- oder Eerkapp - 12 €

HAAR WILL ATMEN ! Well de Spitz an den Aalen sech dat Thema Männer, Fussball und Frisuren ëmmer eng Mooss zevill zur Broscht huelen, mussen hir Kollegen no all Fussballsmatch zimlech laang op sie waarden, bis dass sie top gestylt aus dem Vestiaire kommen. Duerfir hu mer dësen trendy Helm entwéckelt, fir dass sie mol eng Kéier de Gel an der Posch loossen. Also : Helmer kënne Frëndschaften retten !!


Modell "Bagger a reier um Weier"

Unisex - 10 €

Wous du dech mat dësem Bëlzpulli kanns blécke loossen ? Op de Baggerweier (och kompatibel mat enger akkustescher Gitar), op engem Rockfestival (do passt och e Ganzkörper-K-Way dobäi), oder um Chantier (kombinéiert mat enger erfrëschender Superbock !). Den Äffchen wollt onbedéngt sou en Helm, well et déi eenzeg Méiglechkeet fir hien as, seng roud Hoërpracht verstoppen ze kënnen.


PUDENIS Kont

Compte BCEE : IBAN LU41 0019 1855 9170 7000

Bestellung

Iwwerweis de Präis vun dengem Lieblingsfanartikel op de PUDENIS - Kont a gëff an der Kommunikatioun d'Unzuel, den Numm an d'Gréisst un (z.B.: 1 Prolo XL). De Rescht iwwerloos eis ...

Sportsektioun

Fir e flotte PUDENIS - Fussballstrikot samt Bocks a Strëmp ze kréien, muss du dech allséischt emol an d'Häerze vun denge Fans spillen !!

Stärhagel

Et as eestëmmeg décidéiert gin, dass bäi der nexter PUDENIS Turnéier - Victoire (dat wier dann eis drëtt insgesamt !) deen éischte Meeschterstär op eisen Trikot gebitzt gëtt !