links




Déi Lénk !!


Du kriss einfach net genuch vun dësem sënnfräien Kabes ?? Du wëlls méi ?? Guer kee Problem !! Bleif einfach op dengem Internet-Surfbriet stoën, mir schieben dech weider op déi beschte Wellen, déi dir e Gefill vu Fräiheet gin ...

Déi folgend Internet Adressen fanne mir zimlech wuscheg. Falls dat net de Fall sollt sin, dann hu mer se op eis Links-Säit gesaat, well se forcément iergendeppes mat eisem Jickeveräin ze doën hun ...



www.dtl.lu

Wat fir e Veräin kann schon behaapten, an hirem Showroom gläichzäiteg en Oscar an e Laureus Award stoën ze hun ? OK, dat as bäi der Amicale Lenneng nach net de Fall, mee sie schaffen drun: Sie trainéieren haart, sierf et fir hir alljährlecht Theater-Spektakel oder hir Positioun am lëtzebuerger Dëschtennis – Championnat. A mir ënnerstëtze sie wou mer nëmme kënnen (wann mir net grad zu Veianen um Nëssmaart sin).


www.fccanach.lu

Eisen Heemechtsveräin ënnerstëtze mir "an jedem verdammten Sonntag" !! Bannend 2 Joër huet La Mannschaft et fäerdeg bruet, 2 Klassen eropzefaalen, a kämpft sech elo säi Wee bis an d'Champions League fräi !! PUDENIS as souzesoën de Supporter - Club vum Kanecher Schinnegebees !! BLOËN IESEL, HUEL SE !!


www.vew.lu

Wien vill maloocht, huet sech och heinsdo eng fett Vakanz verdéngt !!


www.ruppert.lu

Billt däi Mupp well hien Honger huet ? Fréiers du dir an dengem aaschkaalen Doheem een of wells du kee Mazout méi hues ? Kucks du aus der Fënster eraus a stells mat Schrecken fest dass du keng eenzeg schéi Blumm an dengem Viirgaart stoën hues ? Schwätzen deng Noperen dowéinst och net mat dir ? Kanns du sie ausserdeem mol net op e Pättchen invitéieren wells du guer näischt méi ze drénken doheem hues ?

Dann bas du ganz schlecht drun ! Dann gees du dech entweder un de Comptoir am "Le Menhir" sëtzen erdrénks däi Misère ... oder du besichs de "Ruppert" zu Uewerdonven, well deen huet alles wats du brauchs !!!!


www.100joer.lu

Am Joër 2008 feiert ROLLINGER WALFER S.A. hiren 100. Gebuertsdag. PUDENIS seet villmols Merci fir hire généréisen Don am Kader vum Télévie. Eis nei Sportskollektioun passt wéi ugegoss !


www.lemenhir.lu

Déi meescht Pudenis-Weiber gin öfters an dëse Restaurant, well sie mengen, et wiere vill Männer do (Men here). Fir dëse kläglechen Ufluch vun Dämlechkeet gin sie awer nie bestroft, well zu Fluessweiler am "Le Menhir" kritt een ëmmer lecker z'iessen. Ausserdeem kann ee säin Apéro a säin Digesto gemittlech bäi enger Flupp am Bistrot genéissen ! Offiziell PUDENIS-Menhir Owender : 17. Mee (firum Adda Dabba Batta) & Krëscht- a Brëschtfeier


Boucherie Clement

Conseils Comptabilité Fiscalité S.A

Crèche Funtasy

Les Domaines de Vinsmoselle


RTL Télévie

De 26. Abrëll 2008 agéiert Kanech am Kader vum Télévie als ee vun de 4 lëtzebuerger Centres de promesse. PUDENIS ass natierlech mat vun der Partie a spendéiert em Mandy e leckere Cocktail an hirer Lounge


www.rtl.lu/televie

Aalen's Net

Net grad ëmmer topaktuell, mee duerfir duerfte mir eng gudd Zäit op sengem Späicher wunnen.


www.aalendotnet.net

Iies Gemeen

Iwwerall wou mir higin, a vu wou mir kommen : D'Gemeng Lennéng as a bleift fir eis ëmmer nees eng Tëschenstatioun, well sech einfach kee vun dësem wonnerschéine Stéck Äerd mat Beschass trennen kann. Leider hun sie eist Doheem ofgerappt (Siège social), an dofir droën mir eis Geld alt lo heinsdo an d'Ausland (z.B.: Réimech).


www.lenningen.lu