MEMBERS ONLY !
Setz mol kuerz deng Béierfläsch nidder, lee deng Ziggi an den Äschebecher an huel däi
Portemonnaie aus der Täsch. Do dech aus, maach en op, a kuck mol wat do hannert dengem 6 Joër
aale Kondom stëcht. As dat nët zoufälleg sou eng Kaart ??
Dann bas du Quelqu'un ! Du hues dat grousst Lous gezunn, dir schéngt d'Sonn aus dem Aasch !
A firwat ? Du bas Member vun der PUDENIS A.S.B.L. ! Du haas déi selten erreechte Chance, dass een
aus dem Comité dech am Soff ugeschwat an dir eng Memberskaart ugedréiht huet. Lo hues du onbeschränkten
Accès an onbegrenzte Kredit an all Asi - Buud, an däer eist Kartell Schutzgeld kasséiert.
Denk ëmmer drun, deng Kaart bäim Türsteher ze weisen an him d'PUDENIS - Parole opzesoën:
Looss mech eran, ech hun e ferme Brand, an dee muss geläscht gin !! An zwar op deng Käschten !!
Falls du zu Gaascht bäi eisen teutoneschen Noperen bas an du Bock op Buppen, fécken,
Nennen drécken hues, dann gëllt
folgende Saatz: Wir wollen bumsen ! Umsonst ! A schon kënnt de Steen un d'Rullen !
Verléiers du deng Kaart, dann as et eriwwer mat der Freed. Fënnt een deng Kaart an ameséiert sech
domat, dann kënns du eleng fir d'Onkäschten op: du muss dann am Optrag vu PUDENIS Sozialstonnen
leeschten, z.B.:
- Du muss em Klouert seng Kéih sträichen, sou dass hien mol heinsdo moies kann leien bleiwen
- Du gëss em B.C. säi Co - Pilot
- Du dréihs em Alain säi Lunch - Paket vu Bal zu Bal
- Du muss em Spitz säi Gesouers uläuschteren, wann hien eng am Been huet
- Du muss mam ... schlofen (dat kläre mer dann, wann et souwäit as)
- Du muss dengen Elteren a Kollegen erzielen, dass du mam ... geschlof hues
Bäi eise Vertrauenspersounen vum Comité as dat natierlech eng aner Saach: wann sie hir Kaart verléieren,
gin hir Visagen vun engem plasteschen Chirurg komplett renovéiert (bäi eenzelner
as dat souwiesou schon laang néideg), sie kréien eng nei Identitéit
an eng stolz Offannung aus der Clubkeess. An dann kënnen sie sech iergendwou ofsetzen an nach eng Kéier
ganz vu vir ufänken ...... mir fannen jidfereen huet eng zweet Chance verdéngt !
Hei gesäis du elo déi komplett Lëscht vun eisen aktiv-fëmmende Memberen. Eisen héichgeschätzte
Comité huet jo hir eege Säit !
EXTREME ACTIVITY
Ech muss nach drop hiweisen, dass an dëser Lëscht just Leit stin, déi fräiwëlleg eng Memberskaart kaat hun,
déi sech sou gezwongen wéi méiglech mat eisem Veräin identifizéieren kënnen an déi och regelméisseg
op eisen Aktivitéiten présent sin, a mat deene mer och nach an den nächste Joren rechnen.
MEMBRES DONATEURS AN EX-FRËNDINNEN (mat Verfallsdatum ënnert engem Joër) SIN HEI NET AGEDROËN.
Vun deenen 2 Säiten aus suergt dat fir manner Problemer. Merci fir d'Versteesdemech, falls du mech verstees ...
| Numm |
Spëtznumm |
| Back Christian | Grabschback |
| Bellion Jean-Marie | Aalen |
| Dias Ines | Die Elster |
| Gengler Philippe | Philgang |
| Gillen Chantal | Chantal Gillen |
| Gillen Daniel | Mupp |
| Guth Martine | Guth Guth Superguth |
| Hansen Luc | Hansi Pansi |
| Hoeser Laurent | Mini-Hoeser |
| Hoffmann Jean-Claude | Klouert |
| Holzmann Christian | Holzi |
| Jenne Alex | Sir Alex Jenne |
| Jungels Marc | Jüngling |
| Kirsch Steffi & Yves | Mr. & Mrs. NEXUS |
| Kohll Claude | Kuel |
| Kohll Luc | Lukas |
| Krier Michèle | Michi |
| Lahr Lucia | Mrs. Campari |
| Lahr Steve | Lahri Campari |
| Lefeber Isabelle | Tiddy |
| Ley Laurent | Braue |
| Nilles Steve | Zigar |
| Probst Pir | Prost Pir ! |
| Ruppert Natalie | Holzfrau |
| Scholtes Yves | Schlottes |
| Sibenaler Claude | Sibi |
| Sibenaler Luc | Le Duc |
| Sibenaler Yves | Sibi Ypsilon |
| Thill Simone | Simone |
| Thoss Christian | Thoss Christian |
| Tomat Patrick | Cazo |
| Wintersdorff Mike | Nippes |
|
|
|
| M.O.T.Y.
|
Fir bäi eisem Gewënnspill "Member of the year" kënne matzemaachen,
muss du natierlech och e puer Kritèren erfëllen :
- Du hues eng gülteg Memberskaart
- Du wars op all eisen Aktivitéiten présent
- Du tauschs gären däi Gezeih mat anere Memberen (Kalzong inclus)
- Du kanns de Spitz gudd leiden
Wanns du dat alles erfëlls, dann schreif deng Bewerbung an d'Guestbook.
Ze gewannen gëtt et eng Gratis Diskussiouns-Session mam Äffchen am Centre de Médiation.
|
|
| FC PUDENIS
|
Wanns du Fussballsschong hues, en aussergewéihnlecht Kicker-Talent, eng onverwüstbar Motivatioun
an e groussen Düüüüscht tëschent de Matcher, dann dierfs du och roueg bäi eisem FC PUDENIS matmaachen !!

|
|
| POMPOM
|
Eis Soccer-Sektioun brauch natierlech och nach weiblech Verstärkung, déi eis dann
giff tatkräfteg vun der Säit aus ënnerstëtzen. Du muss folgend Ekippement matbréngen :

|
|