FEELS LIKE HOME
Aktuellen Siège Social ab 2009:
Café “Kanecher Ieselsstiffchen”, rue d’Oetrange, Canach
Ech muss iech lo awer nach eng spektakulär Geschicht zielen. Hollywood huet sech schon d'Filmrechter gesëchert.
Besuergt iech besse Popcorn an e lecker Mädche fir an den Aarm.
|
Firun laanger, laanger Zäit sutze mer, wéi gewinnt, an eisem Stammbistrot, op eisem Stammdësch,
hun eis eng Stamm - Erfrëschung an den Hals gekippt an den Uutz iwwer Gott an d'Welt
gedriwwen. Op eemol huet de B.C. dat dréngend Bedürfnis empfond, sech op d'Toilette erliichteren ze goën.
|
|
Wéi ëmmer huet hien säi Schutzanzug ugedoën, well hien d'Geforen vun der
Kammer des Todes kennt. Ganz lues, am volle Bewosstsin vun de méiglechen Konsequenzen, huet hien sech dem Lokus genähert.
Den Diego, eise Wiirt, huet nach de Geck gemat, mat senger Spullomp gewedelt a gesoot: "Wat bas du
e Fäertaarsch ! Ech giff et fäerdeg bréngen, et mat dëser Fatz emzebréngen !"
|
|
Umierkung vun der Redaktioun: mir hun dat Wiesen, dat sech um Schäisshaus befënnt,
"Et" benannt, well bis dato souguer dee beschten Biolog nach
net erausfond haat, em wat fir eng Spezies et sech hei géif handelen. Um W.C. ukomm huet hien schon e seltsamt Geräisch héieren. Wéi e brodelnde Vulkan, dee kuerz firun der Erektioun steet. Damp as aus dem Pissoir geklommen,
an de B.C. wousst direkt: hei as eppes net normal ! Et lieft !!!!
|
|
Schnell
as hien zréck bäi den Dësch gelaaf an huet seng Matmënschen (och d'Portugiesen) zur Flucht opgeruff. Hektik as
ausgebrach, Chaos as entstanen, jidfereen wousst dass et em säin Liewen geet ! Et war mol keng Zäit méi,
fir d'Fläsch auszedrénken, an d'Sortie war ze kleng, fir dass mir all gemeinsam hätte flüchte kënnen.
|
|
D'Toilettendier as opgeflunn an dat, wat mir do gesin hun, huet all eis Befierchtungen iwwertraff. Säit
Joren as schon dat Gerücht ronderemgaangen, dass firu laanger, laanger Zäit e Client, deen seng Rechnung
direkt huet missen bezuehlen amplaz et dierfen opzeschreiwen, e Fluch iwwert de Bistrot geluet huet: soubal
en Eischtgebuerenen sollt vergiessen, nom schiffen ze zéihen, géif sech en onheemlecht, grausamt an onerbärmlecht
Monster duerch d'Waasserleitung kämpfen a säin Onheel un de Maueren verbreeden. An dat Geschöpf wier soulaang an de Réier
gefaangen bis dass en Zweetgebuerenen et duerch eng Piss ouni Fuerz (Umierkung vun der Redaktioun: e Berrêt)
giff fräiloossen. Säin Numm: Klobi, d'Erfrëschungsmonster !!!!!
|
|
Wéi mir eis dunn firun d'Dier gerett haaten, stungen schon lauter Reporter dobäussen, déi säit Méint op dësen Exklusivreportage gewaart hun. Schnell as nach eng Gruppenfoto gemat gin, fir dësen
denkwierdegen Abléck festzehaalen (Umierkung vun der Redaktioun: deen an der Mëtt huet den Dag selwer seng
Hochzäit do gefeiert, mee de Bräutigam huet en einfach stoën gelooss).
|
|
Dobaussen hu mir dunn missen verfolgen, wéi de Klobi eise ganze Bistrot zerstéiert huet. Et war einfach
nëmmen grausam, däer Saach nozekucken, ouni eppes kënnen dogéint ze maan !!! No kuerzer Zäit stung eist Doheem a "Schutt und Asche", währenddem de Klobi
an sech zesummengesackt as.
|
|
Spéiderhin huet sech erausgestallt, dass et sech em eng Spezies gehandelt huet, déi sech
vun Offall, Knascht a Stëbbs ernährt huet, een eenzegt Hygiène-Partikel hätt et schon zerstéiert. Duerfir konnt
Et och net flüchten. Déi schrecklech propper Welt dobäussen huet de Klobi embruet.
Dat as lo eng gudd Zäit hir, mir sin driwwer eweg a fänke soulues un, d'Liewen och nees vun der positiver
Säit ze gesin.
|
Sou hu mir eis op de Wee gemat, a sin 40 Joër duerch d'lëtzebuerger Partywüst gereest, bis
dass mir endlech nees eng Gebietstätt fond hun, an déi mir eise Glaawen léen kënnen :
Hei kriss du lecker Erfrëschungen, mee do donierft kanns du dech och nach total entspanen,
z.B. mat :
- Darts, Billard, Kicker an nach vill mei lusteg Spiller
- Live-Acts vun talentéierte lëtzebuerger an auslännegen Top Acts
- Live Bundesliga-, EM-, WM- an Champions League Matcher vun dengem Lieblingsveräin
(virausgesaat du häls zu deem richtegen)
Komm roueg eng Kéier laanscht kucken. An haal eis eng Plaz fräi falls du virun eis do bas ...
18, Eiterstrooss
L-5411 Kanech
|
|